
D’Organisatiounsteam vum Tomorrowland-Festival an der Belsch huet um Donneschdegowend e Communiqué erausginn, an deem si confirméieren, dass den Event net ofgesot wäert ginn.
Iwwert de geneeën Oflaf vum Weekend ass ee sech awer nach net eens. Zanter Stonne gëtt dru geschafft, dass e Freideg d’Diere kënnen opgoen. Um Freidegmoie wäerte weider Detailer bekannt ginn. Bis dohi ginn et zwou verschidde Méiglechkeeten, wéi Tomorrowland 2025 wäert oflafen.
Zenario 1:
Wann d’Haaptbün mat Zäite reparéiert ka ginn, an de Beräich ronderëm all Sécherheetsstandarden erfëllt, ka wéi geplangt fir all Visiteuren a fir all Zort vun Tickete opgoen.
Zenario 2:
Sollt et net méiglech sinn, fir all d’Visiteuren eranzeloossen, wäerten DreamVille an den Terrain vum Festival als zwee verschidde Beräicher funktionéieren, fir d’Sécherheet vun de Leit ze garantéieren. An deem Fall:
A béiden Zenarie wäerten d’Dieren um 14 Auer opgoen, an net wéi ursprénglech geplangt um 12 Auer.
D’Organisatioun hofft, dës Course géint d’Zäit ze gewannen, an dee beschtméigleche Programm ze bidden.