
Dräi franséischsproocheg Slampoeten aus der Belsch, Frankräich a Kanada sinn op fënnef däitschsproocheg Slampoeten aus Däitschland, Lëtzebuerg an Éisträich getraff. D’Europameeschtesch Marie Darah, d’Elif Duygu an de Philipp
Herold haten et bis an d’Finall gepackt. Mat sengem Text “Die Zukunft” konnt den zweefachen däitsche Vizemeeschter de Public an de Rotonden iwwerzeegen a gouf als éischte Gewënner vum Poetry Slam de Lux’ 12 gewielt.
E Samschdeg huet sech d’Elif Duygu géint de franséische Meeschter Neimad, de Philipp Herold a géint d’Franziska vum lokale Géisskan Kollektiv duerchgesat. Éisträich konnt sech domat fir d’drëtt Kéier eng Victoire beim Poetry Slam de Lux sécheren.
Hei nach emol d’Participanten am Iwwerbléck:
Cosimo, Elif Duygu, Franziska, Gina Arvai, Lem, Luc, Marie Darah, Neimad, Philipp Herold. Die Moderation übernahmen Bob Reinert und Philippe Schockweiler.