"Queen The Greatest"Pop-up-Buttek fir d'Fans vun der Rockband Queen huet seng Dieren opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Vun Tase mam Freddie Mercury drop bis hin zu signéierte Gittaren, fir all Fan an all Portmonni ass am neie Fanshop vu Queen zu London eppes dobäi.
© APA/AFP/Tolga Akmen

Den neie Queen-Pop-up-Shop mam Numm “Queen The Greatest” ass zu London an der Carnaby Street. De Buttek ass am Kader vu 5 Joerzéngte Band-Geschicht entstanen. Ma opgepasst, de Buttek ass just fir 3 Méint op.

Op 2 Stäck, opgedeelt an déi verschidde Band-Etappen, fënnt een net just besonnesch Erënnerungsstécker oder Gadgeten, Fans kënne sech hei och begéinen an austauschen. Et kann ee sech natierlech och eng kleng Freed maachen an dat eent oder anert klengt Stéck kafen, wéi zum Beispill een Zauberwierfel mat de Gesiichter vun de Museker drop oder eng Queen-Edition vum bekannte Spill “Monopoly”.

© APA/AFP/Tolga Akmen

D’Rockband ëm de Frontmann Freddie Mercury ass mat Lidder wéi ënner anerem “We Are The Champions” oder “Don’t Stop Me Now” berüümt ginn. De Mercury ass 1991 un de Suitte vun enger Aids-Erkrankung gestuerwen. Zanter 2012 ass den Adam Lambert Leadsänger vun der Band. Hien trëtt zesumme mat den ale Bandmembere Brian May a Roger Taylor op.

Back to Top
CIM LOGO