LuxFilmFestPreparéiert fir d'Editioun 2021

Dan Wiroth
Ob digital, hybrid oder an de Kinossäll - déi 11. Editioun vum LuxFilmFestival soll sou oder sou kënne garantéiert sinn.

Nodeems déi 10. Editioun dëst Joer duerch de Virus huet missen ënnerbrach ginn, a well een nach net weess, wéi d’Situatioun am Mäerz nächst Joer wäert ausgesinn, hunn d’Organisateure vum LuxFilmFestival sech op all méiglechen Zenario preparéiert.

Wéi et an engem Communiqué heescht, gouf dowéinst eng Kollaboratioun mat den zwou Entreprisen “FestivalScope” an “Shift72" ënnerschriwwen. Béid Firmen hu sech an de leschte Méint drop spezialiséiert, Filmfestivaller, déi duerch d’Pandemie missten annuléiert ginn, online oder hybrid ëmzefunktionéieren.

Ob physesch, hybrid oder reng digital, d’Qualitéit vun der 11. Editioun vum Festival soll garantéiert bleiwen.

D’Prioritéit wier awer natierlech, datt de Festival ënnert “normaler” Form an de Kinossäll kéint oflafen.

Déi 11. Editioun vum Luxembourg Film Festival ass d’nächst Joer vum 4. bis de 14. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO