Véier nei Ausstellunge fir de SummerProject Room: De Jeremy Palluce an der Konschthal zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2022 organiséiert d’Konschthal zu Esch reegelméisseg d’Format "Project Room", bei deem verschidde Kënschtler a Kënschtlerinnen d’Méiglechkeet kréien, hir artistesch Projeten an engem kreative Raum auszestellen.
Project Room: De Jeremy Palluce an der Konschthal zu Esch
De Jeremy Palluce weist a senger Ausstellung mam Titel FINAL_FINAL_ eng Rei installativ Aarbechten, déi sech mat senger Kandheet auserneesetzen.

Dëst Joer ginn dofir iwwert de Summer véier Ausstellunge gewisen, vum Claudia Passeri, Julien Hübsch, Letitzia Romanini a Jeremy Palluce.

Jeremy Palluce

De Jeremy Palluce weist a senger Ausstellung mam Titel FINAL_FINAL_ eng Rei installativ Aarbechten, déi sech virun allem mat him als Mënsch a senger Kandheet auserneesetzen. Gewise ginn Alldagsobjeten, bei deenen déi meeschte Leit schonn emol an hirem Liewen ze dinn haten.

Änlech wéi déi aner Kënschtler aus der Expo Project Rooms, léisst och de Jeremy Palluce sech gréisstendeels vu sengem Ëmfeld inspiréieren a benotzt deemno fir seng Wierker gäre banal Objeten aus dem Alldag. An deem Sënn besteet een Deel vu senger Expo zum Beispill aus ale Schoulstill. Dës huet de Kënschtler a riichte Reien an op Sockelen opgestallt, wéi an enger Schoul. Duerch eng Mechanik ginn d’Still rhythmesch hin an hier geschaukelt, wat d’Schaukele vu Schüler imitéiere soll, virun allem vun deene Schüler, déi meeschtens an der leschter Rei sëtzen. D’Konschtwierk soll eng Aart Monument fir de schlechte Schüler duerstellen.

De Jeremy Palluce gouf a senger Jugend och vill vun der Hip-Hop Kultur gepräägt. Dat gesäit een an engem aneren Deel vu senger Ausstellung. Hei huet de Kënschtler al Fönen aus der Schëfflenger Schwämm, déi e vu sengem Papp, dee Schwammmeeschter ass, geschenkt krut, opgehaangen. Dës goufen zu Lautsprecheren ëmfunktionéiert, aus deene selwer produzéiert ad-libs ze héiere sinn. Passend dozou gëtt et och e Video ze kucken, deen de Kënschtler a seng Kolleege, mat deenen hien dës ad-libs produzéiert huet, beim Schaffe weist.

Den Titel vun der Expo FINAL_FINAL_ ASS eng Uspillung dorop, wéi Dateien an eben och oft Museksdateien op engem Computer ofgespäichert ginn. D’Widderhuelung vum Wuert Final soll dat ganzt op en aneren Niveau hiewen an d’Finalitéit vun dem Ganzen neutraliséieren. Domat well de Kënschtler weisen, dass hien a seng Aarbecht ni komplett fäerdeg sinn a sech alles ëmmer weiderentwéckelt.

Bis den 21. September sinn déi véier Expoen aus der Serie Project Room nach an der Konschthal ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO