Masken als KulturprojetProjet "Breathe" vum Florence Hoffmann krut wärend Corona-Kris nei Bedeitung

RTL Lëtzebuerg
Bei der Skulptrice Florence Hoffmann hirem Wierk stinn Otemmasken am Mëttelpunkt. De Projet ass schonn zejoer entstanen.
null
Bei der Skulptrice Florence Hoffmann hirem Wierk stinn Otemmasken am Mëttelpunkt. De Projet ass schonn zejoer entstanen.

Der Skulptrice Florence Hoffmann hiert Wierk “Breathe” ass schonn d’lescht Joer entstanen, mä ni hätt si geduecht, datt en duerch déi aktuell Situatioun eng ganz aner Bedeitung géing kréien. Otemmaske stinn nämlech am Mëttelpunkt vun de Wierker. D’Jenny Fischbach war d’Kënschtlerin an hiren Atelier besichen.

D’Florence Hoffmann ass Skulptrice an dacks sti Bicher an hire Wierker am Mëttelpunkt. Sou ass dann och d’lescht Joer de Projet “Breathe” entstanen, dee si am Kader vun enger Konschtfoire a Korea entwéckelt hat.

De Projet gouf weider entwéckelt an et ass eng Fotoserie entstanen, mat bis ewell ëm déi 60 Portraiten, mat Leit déi dës metaphoresch Masken unhunn. Kuerz drop ass d’Covid-19-Kris komm an d’Wierk krut nach emol eng ganz aner Dimensioun.

Seng eege Kreatioun kann een dann un d’Kënschtlerin per Email (breathebyflorencehoffmann@gmail.com) schécken, den Ament gëtt et eng virtuell Galerie vun de Fotoen, mä och eng Ausstellung mat all de Resultater kéint sech d’Kënschtlerin an Zukunft virstellen.

Back to Top
CIM LOGO