
Gäscht aus villen europäesche Länner hate sech Rendez-vous bei eis an der Stad ginn. Dës Summer School adresséiert sech u jonk Talenter aus der Marketing an Tourismus-Branche, seet d’Antje Voss, Directrice vum LCTO. De President vum LCTO Marc Angel präziséiert, datt ee vill Wäert drop leet, fir Lëtzebuerg och international zu promouvéieren.
“Beim LCTO gesi mir eis als Ambassadeure vun der Stad Lëtzebuerg. Mir droen d’Stad eraus an d’Welt: iwwert international Foiren, mat auslännesche Journalisten, strategesche Partnerschafte wéi zum Beispill mat der CityDNA a staarker Online-Promotioun. Eis geet et drëms, eis Geschicht esou z’erzielen, datt se an der ganzer Welt ukënnt. An dat maache mir, andeems mir eise Patrimoine, eist kulturellt Liewen an, virun allem, d’Diversitéit an d’Oppenheet vun eise Awunner ervirhiewen. Eist Zil ass einfach: mir wëlle séchergoen, datt wa Mënschen egal wou op der Welt un eng Rees an eng europäesch Stad denken, Lëtzebuerg Deel vun deem Gedanken ass.”
An dem Kader gouf dann och e Promofilm fir eis Haaptstad lancéiert.
“An der Vergaangenheet hu mir schonn e puer kuerz Clippen iwwer d’Stad an hir Attraktioune produzéiert. Elo war de richtege Moment do, fir ee Schrëtt méi wäit ze goen an en neie Promofilm ze produzéieren – mat enger kompletter Geschicht an no deene neisten Trends, esou wéi et aner europäesch Stied maachen: smart, witzeg, mat klengen Anekdoten.”
De Promofilm begleet zou eeler brittesch Dammen, déi eng Busrees duerch Europa maachen, fir haaptsächlech Bruges ze gesinn. “An da lande se méi oder manner gewollt zu Lëtzebuerg. Se entdecken d’Stad mat ganz vill Humor.” Méi wëll de Marc Angel awer net verroden.
Dëse Film hat dann um Ofschloss vun der City DNA Summer School seng Première gefeiert. Elo gëtt en Deel vun den internationalen an nationalen Image-Campagne. An et huet een “ab den Owend esouguer eng eege Landing-Page, wou een d’Maggie an d’Dot op luxembourg-city.com kenneléiere kann.”