
Ënnert anerem huet de Lëtzebuerger Kulturminister Eric Thill an enger éischter Reaktioun op den Doud vum Fernand Fox de Verloscht “vun onsem bekannteste Schauspiller” bedauert an der Famill a Frënn säi Bäileed ausgeschwat.
Mat grousser Trauer huet och d’Lëtzebuerger Theaterfederatioun den Dout vum bekannte Schauspiller opgeholl. Zënter de 50er Joren wier hien op de Lëtzebuerger Bünen vill aktiv gewiescht a war ee vun den eelste Schauspiller am Land.
Mat grousser Trauer huet och de Lëtzebuerger Filmfong op déi traureg Noriicht reagéiert a betount, dass de Fernand Fox a grousst Lach an der Lëtzebuerger Konschtwelt hannerléisst.
De Grénge-Politiker Christian Kmiotek huet op Twitter betount, wéi hien de Fernand Fox als jonke Mënsch am Kabaret bewonnert a spéider och richteg schätze geléiert hätt a bezeechent hien als de gréisste Lëtzebuerger Schauspiller.
Den Thierry van Werveke, dee jo vill ze fréi schonn am Januar 2009 gestuerwen ass, hat dann och dacks Optrëtter virun der Kamera oder op der Bün. An deem Kader weist sech Fondatioun Thierry van Werveke betraff iwwert den Dout vum Fernand Fox.
Vun 1976-2004 huet de Fernand Fox och eng ganz Partie u Reklammen fir d’Assurance-Gesellschaft LaLux gedréit, déi nach ville Leit an de Käpp dierfte sinn. Si drécken an engem Post hir “déif Trauer” aus, nodeems si gewuer goufen, dass e Lëtzebuerger Schauspiller gestuerwen ass.
