8 Joer gouf un dëser neier Versioun geplangt a virbereet – haut presentéiert sech e moderne Musée, deen all d’Uspréch wëllt erfëllen a virun allem e ganz large Public wëllt intresséieren.
Ganzer 4 Stonne brauch ee fir all Detail vun der Ausstellung ze entdecken. D’Wuert Resistenz féiert dobäi als Roude Fuedem duerch déi verschidden thematesch Statiounen. D’Monik Kater iwwer e Musée an deem een och munch manner Bekanntes iwwer den 2. Weltkrich entdeckt.
E Schwaarz/wäiss gouf et kaum oder scho laang net ëmmer, an dësem zweete Weltkrich. Iwwer dës Grozon schwätzt et sech villäicht net esou einfach, mee se ass e ganz intressant Element vun dëser Ausstellung a begeeschtert och de Jérôme Courtoy, ee vun den Historiker am Nationale Resistenzmusée.
Wéi hunn d’Mënschen dee Krich am Alldag erlieft, wéi op dës Diktatur reagéiert, wéi war d’Resistenz, wéi d’Kollaboratioun, wéi d’Deportatioun an den Holocaust? Déi verschidde Kapitele ginn excellent an enger Timeline duergestallt. Kuerz nodeems London zum Beispill ugegraff ginn ass, sinn zu Nidderkuer d’Futtballisten um Terrain verhaft ginn, well se d’Heemecht gesongen hunn.
Anescht wéi et soss a Muséeën alt d’Praxis ass, gëtt zu Esch dat wat war ganz gewisen, ouni Tabu. De Visiteur kuckt dem Reichsadler an d’Aen a steet virum Hakekräiz. Fir den Direkter Frank Schroeder ass déi kleng geschnëtzte Skulptur vum Hintzerter Prisonéier Jean Daligault e Bijou vun dësem Musée – se ass de Modell fir dem Lucien Vercollier säi “prisonnier politique”.
Déi 1. Wiesselausstellung leeft den 13. Mäerz un an thematiséiert an engem ganze Raum déi vergiessen Affer, well d’Geschichtsschreiwung si ignoréiert huet. D’Verfollgung vun zum Beispill homosexuellen a Mënsche mat Behënnerung. Den nationale Resistenzmusée ass all Dag op ausser méindes an donneschdes bis 19.30 Auer, an ass ouni Zweiwel e Besuch wäert.