
De Richard Wayne Penniman gouf de 5. Dezember 1932 zu Macon am US-Bundesstaat Georgia gebuer. Säin éischten Hit hat hie mat “Tutti Frutti” am Joer 1956.
Ënner anerem de Sir Elton John hat an engem Interview gesot, datt de Little Richard an de Jerry Lee Lewis de Grond waren, wisou hie Museker wollt ginn.
De Little Richard gëllt als Pionéier vum Rock ‘n’ Roll an ass am Alter vu 87 Joer den 9. Mee 2020 gestuerwen. De genaue Grond vum Doud ass nach net bekannt.