
De Jérôme Reuter huet 2005 “Rome” gegrënnt an dat mat groussem Succès. Elo am Fréijoer sollten eigentlech gréisser Tournéeën a China an Europa um Plang stoen fir de 15. Gebuertsdag ze feieren. Am August kennt dann och e neien Album eraus an aus deem neien Album wäert de Jérôme Reuter haut den Owend e puer Lidder virstellen.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.