Concert an der RockhalRoyel Otis iwwerzeege mat hirer Energie an Authentizitéit

Claudia Kollwelter
E Freideg den Owend huet déi australesch Indie-Rock-Band "Royel Otis" de Public an der Rockhal praktesch an Trance versat. E Concert, deen den aktuellen Hype ronderëm d’Band confirméiert huet.

Et ass net déi éischte Kéier, datt den Duo vu Sydney de Wee an de Grand-Duché fonnt huet. Vum intime Kader um Beautiful Decay Festival zejoert eriwwer op de Club an der Rockhal ass d’Unzuel vu Spectateuren däitlech gewuess, ma et war warscheinlech déi lescht Geleeënheet, Royel Otis an engem nach “klenge” Kader ze gesinn.

De Publikum war vun der éischter Minutt u begeeschtert an huet sech mat dreiwe gelooss an hir Welt vu charakteristeschen, liicht melancholeschen Téin. 2019 hunn de Royel Maddell and Otis Pavlovic d’Band gegrënnt an zanterhier geet hir Carrière staark biergop. Eng kuerz awer schonn intensiv Carrière, déi dem Sänger Otis no deels iwwerwältegend ass, wéi hien am Interview mat eise Kolleege vun RTL Today zouginn huet.

D’Mëschung vu méi alen an neien Lidder vum rezenten Album “Hickey” war ideal. D’Band ass awer och bekannt dofir, Coveren ze spillen, a “Linger” vun The Cranberries hu se op ganz douce an emouvant Manéier gespillt, wärend bei “Muder on the Dancefloor” original vum Sophie Ellis-Bextor jidderee mat gesong a gedanzt huet.

En Owend, deen d’Erwaardungen – wann een der dann hat – definitiv erfëllt huet. Wann d’Band de Wee nach eemol sollt zréck op Lëtzebuerg fannen, da wäert et sécherlech op enger méi grousser Bün, mat nach engem méi grousse Public sinn.

Back to Top
CIM LOGO