Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Ben Weber

RTL Lëtzebuerg
De Ben Weber ass Kach a säin Markenzeechen ass den Hutt. Gläichzäiteg ass de Ben och President vum VATEL-Club, deen all 4 Joer d'Expogast organiséiert.
© RTL

Vun him héieren den Dan Spogen, de Raoul Roos, de Mike Fandel an d’Shari Schenten, dass et a sengem Restaurant al lméiglech Kaschtgänger gëtt, vun deenen déi eng Fritten ze waarm fannen oder anerer 25 Rullen Toilettëpabeier mat heem schleefen. Mir héieren, wéi hien de “Champion am Gromperepüree” ginn ass, an dass seng Mamm dru Schold ass, dass en dee Wee ageschloen huet.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO