Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Biggi Lechtermann

RTL Lëtzebuerg
Mam "Hallo RTL Club" huet fir d'Biggi Lechtermann e Liewen an de Medien ugefaangen.
© Patrick Greis

Fir d’éischt bei “Radio Luxemburg”, duerno virun der Kamera bei RTL plus... An och den ZDF huet ugeklappt fir verschidden Emissiounen, dorënner d’Kannersendung “1, 2 oder 3", wou se d’Relève vum Michael Schanze iwwerholl huet.

Am “Café des artistes” erënnert d’Moderatorin un déi 15 Joer zu Lëtzebuerg. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et och ëm en “Hole in one” an Autoscourssen a mir héieren, dass se zweemol vun der verstoppter Kamera erageluecht gouf.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO