Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Buffalo C Wayne

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Wéi gouf aus dem Claude Weber vun Ettelbréck de Buffalo C Wayne, a wéi aus dem Infirmier aus dem Hôpital Neuro-Psychiatrique e Countrysänger zu Nashville. Am Bistrot de la Presse zielt hien, wéi hien de Lyle Lovett kennegeléiert huet, wéi et zum Flopp mam Rodeoszelt op der Schueberfouer koum, firwat hie sech mam Direkter vun der Foire ugeluecht huet a wéi et ass, viru 500.000 Mann Musek ze maachen. Saloon-Ambiance mam Dan Spogen, Shari Schenten, Raoul Roos a Mike Fandel. Piano: Erny Delosch

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO