Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Detlef Steves

RTL Lëtzebuerg
Den Detlef Steves ass bekannt op der däitscher Tëlee. Dat well hien en kuerz Zündschnouer huet a sech iwwer Gott an d'Welt opreegt.
© RTL

Dobäi gesäit hie mat senger plakeger Kopp aus, wéi wann hie kenger Séil eppes ze leets kéint doen. Am Café des artistes am Gronn huet den ‘Deffi’ dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, wéi et bei ‘Ab ins Beet!’ lass goung. Hien zielt iwwer ‘Grill den Henssler’ a ‘Let’s Dance’. Mir héieren, wat e wierklech opreegt a firwat e mat 13 Joer schonn an der Disco war.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO