Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Eric Nosbusch

RTL Lëtzebuerg
NOSI. Déi 4 Buschtawe sti bei der Jugend fir Party a gutt Stëmmung.

Awer wien ass deen DJ, wéi koum en derzou opzeleeën a wat kann ee sech nach alles vun him erwaarden? Am ‘Café des artistes’ beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt den Eric Nosbusch dës Woch awer och iwwer seng sportlech Talenter a firwat näischt draus gouf. Mir héieren, wéi dat deemools zu Miersch an der Frittebud war oder wéi d’Lidd ‘Schëdden’ zustane koum a gi gewuer, wéi schwéier et war, als Jonke mat der Diagnos ‘Leukemie’ konfrontéiert ze sinn.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO