Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Françoise Hetto-Gaasch

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang konnt een d'Françoise Hetto-Gaasch bei RTL gesinn an héieren.

Déi markant Stëmm an déi vill Optrëtt op der Televisioun konnten du fir vill Stëmme bei de Wale suergen an och dofir, datt d’Françoise an d’Chamber a spéider an d’Regierung koum. An dëser Woch gëtt alles opgeschafft vun der Kandheet zu Diddeleng, iwwer hir Zäit op RTL, de Posten als Buergermeeschtesch bis bei e sëllegen Tréinen. Am ‘Café des artistes’ ginn den Dan Spogen, Raoul Roos an de Mike Fandel gewuer, dass een als Politiker vill Gedold an en décke Pelz brauch a wéi si als Studentin d’Leit veräppelt huet.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO