Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Georges Calteux

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Fir de Georges Calteux ass “Troaterbatti” keng Frechheet. Am Géigendeel, mat dësem Museksgrupp verbënnt hie vill flott Joren, och wann hien ni richteg geléiert huet, Nouten ze liesen. De fréieren Direkter vum “Service des sites et monuments nationaux” zielt am Gespréich mam Dan Spogen awer och, wéi hien un dee Poste koum, wéi wichteg him de Futtball nach ëmmer ass an de gebiertegen Useldenger huet e puer flott Spiichte fir den Raoul Roos a Patrick Kayser. Um Piano an der RTL City: den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO