Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jacques Santer

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
© Patrick Frieden

Et huet een net all gudden Dag en Éierestaatsminister vis-à-vis. A scho guer net am Café des Artistes. Den Dan Spogen profitéiert dës Woch fir vum Jacques Santer gewuer ze ginn, wouropper en houfreg ass, wéi e seng Fra kennegeléiert huet a wéi en u säi Spëtznumm koum.

Ënnerstëtzung gëtt et vum Anne Kaiffer, Mike Fandel, Raoul Roos a Patrick Kayser. Um Piano den Erny Delosch.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL.

Back to Top
CIM LOGO