Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jean-Claude Juncker

RTL Lëtzebuerg
Mat 69 Joer kann de Jean-Claude Juncker op en erfëllte politescht Liewen zréckkucken.
© Patrick Greis

De Réidener huet vun 1995 bis 2013 als Premier d’Geschécker vum Land geleet an duerno war hien och nach vun 2014 bis 2019 Europäeschen Kommissiounspresident. Wat si seng Hobbyen, wéi kuckt en zréck op Meetinge mat Kohl, Trump, Putin a Mario Barth a wéi kritt hie seng Zäit elo ëm?

Am “Café des artistes” beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verréit hien awer och, wat hie wärend der Schoulzäit schonn op d’Schinn gesat huet a firwat hien net gutt op déi englesch Press ze schwätzen ass.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO