Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Lex Heyar

RTL Lëtzebuerg
De Lex Heyar ass bekannt als de Sänger a Kapp vun der Band "Moof".
© RTL

Dëse raue Brudder huet et fauschtdéck hannert den Oueren an dat goung scho fréi an der Schoul un, wou hien als Feierstëppler bekannt war.

Am “Café des artistes” am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung och rieds iwwer seng Zäit als Doudegriewer, wou hien e bleiwenden Androck hannerlooss huet.

Mir héieren, wéi hien haut iwwer Drogen denkt, hien erënnert sech un en Optrëtt am Prisong, a mir gi gewuer, op wéi eng skurril Manéier d’Lidd “Béise Jong” entstanen ass.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO