Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Lydie Polfer

RTL Lëtzebuerg
D'Lydie Polfer ass Buergermeeschtesch zanter 1982, mat 14 Joer Ënnerbriechung. 1979 souz si schonn an der Chamber fir d'DP.

10 Joer war si Presidentin vun hirer Partei, war och 10 Joer am europäeschen Parlament a 5 Joer huet si Lëtzebuerg als Ausseministesch vertrueden. Am “Café des artistes” am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten awer méi Wäert op dat geluecht, wat déi geléiert Affekotin als Kand an als Studentin gestëbst huet. Se gi gewuer, firwat se griichesch kann, wat se privat bedauert, spillt e Stéck um Piano an zielt e Witz, dee perséinlech Konsequenzen hat.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO