
An déi meescht Geschichten, déi de Marc Glesener dës Woch verzielt, si verjäert an d’Boboe geheelt. Am Café des artistes ginn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gewuer, firwat hien d’Première an der Belsch huet misse maachen. Hien verzielt, wéi hie fir en Interview, dem fréiere Staatsminister Juncker d’Wierder an de Mond geluecht huet a mir héieren, wéi eng Doudesannonce hien de leschten Nerv kascht huet.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.