
De Wee aus dem Saarland op Lëtzebuerg huet sech fir de Matthias “Metty” Krings rentéiert. Milliounen huet hie bei Radio Luxemburg ënnerhalen a spéider op RTL Plus a mam Li-La-Launerbär ameséiert.
Wéi et dozou koum, wéi et hannert de Kulisse vun der Löwenverleihung zougaangen ass a firwat d’Musek him sou wichteg ass zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Patrick Kayser a Shari Schenten.
Um Piano an der RTL City: den Erny Delosch.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
