Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Rainer Schanz

RTL Lëtzebuerg
De Rainer Schanz ass e Bodyguard an zielt wéi et ass, säi Liewen ze riskéieren un der Säit vun engem Gerhard Schröder, Helmut Kohl oder der Angela Merkel.
© Patrick Greis

Hie war derbäi, beim leschten Agentenaustausch op der Glienicker Brücke oder wéi de Willy Brandt nom Mauerfall, beim Brandenburger Tor eng Tréin verdréckt huet.

Am ‘Café des artistes’ beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et mam Auteur vum Buch: ‘Der Mann der aus dem Schatten kommt’ awer och ëm Privates, an dass hien et mat der Trei net ëmmer sou eescht geholl huet.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO