Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Samy Picard

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Mam aktuellen FLBB-President Samy Picard schwätzt den Dan Spogen an der RTL City manner iwwer Kierfercher, mä iwwer Kiloen, Wodkafläschen a seng eege Kebabmaschinn. Et gëtt ee gewuer, wou d’Hochzäitsrees hi goung a wat hien zum Nuetskapitän gemaach huet. A wann dann nach Zäit bleift, geet et ëm seng 57 Bundesliga-Asätz a seng verpasste Finallchancen.

De Patrick Kayser, Raoul Roos an d’Shari Schenten ginn ënnerstëtzt vum Erny Delosch um Piano.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO