
Bei der Sängerin an Actrice, bekannt aus de Makadammen, geet et net just ëm de Virnumm, mat deem eng schwéier Laascht verbonnen ass. Am “Café des artistes” ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten gewuer, dass d’Chancë fir bei den ESC ze kommen do waren, awer net genotzt goufen. Et geet ëm d’Simpsons, d’Stëmm vum lux-Airport, ëm de Karel Gott, FKK an et kënnt zu engem Duett mam Dan Spogen beim Lidd “Metti Spaghetti”.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.