En Donneschdeg schonn hunn Exposanten aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, der Belsch an Holland ugefaangen, hir Stänn mat de sougenannten Dioramen opzeriichten.
De 17 Joer ale Amoury ass extra fir de Weekend iwwer 900 km aus Frankräich komm a schafft scho laang u sengem Projet, dat berüümt d’Schlass Neuschwanstein opzebauen:
"Un an maintenant je travaille sur ce projet, bon avec les cours, je fais des études à côté, mais c’est vrai que dès que j’ai un peu de temps libre je m’y consacre. Mais sinon j’ai l’idée déjà trois ans, et voilà ça prend du temps et là je suis arrivé mercredi soir, je depuis ce matin je finis des détails au niveau de la peinture et je pense que j’en ai un peu près 12 à 13 heures d’installation au niveau du château."
Ma d'Sammler verstoppen och vereenzelt Detailer an hiren Dioramen, déi een op den éischte Bléck net direkt gesäit. Den Oliver aus Däitschland verstoppt gäre sougenannten “Easter Eggs” a sengen Zeenen, wéi ënner anerem Fussballspiller oder Mickey Mausen.
“Aber das ist auch das Besondere und auch das Schöne, weil es ja Familien und auch Kinder ansprechen soll, die sollen natürlich was zu kucken haben, was zu lachen haben. Das heisst also: Augen auf!”
Och Verkafsstänn ginn opgeriicht. Op iwwer 100 Dëscher kënnen d'Visiteuren no ale Playmobil-Setten, gebrauchte Figuren an eenzelen Ersatzdeeler sichen. De Sammler selwer ass wichteg, dass Playmobil net nëmmen eng Spillsaach ass fir Kanner, ma och fir Erwuessener, wéi d'Annelike aus Holland ënnersträicht:
“Sehen lassen, was man auch mit Playmobil machen kann und dass es nicht nur für Kinder ist, aber auch für jung und alt.”
De Claude Hengel, President vun den LuxPlaymoDays, betount, dass d'Organisatioun knapp ee ganzt Joer dauere géif. D'Aschreiwunge fänke well Mëtt September un. Ëm Chrëschtdag gëtt dann decidéiert, wien am August ausstelle wäert.
D’LuxPlaymoDays sinn dëse Weekend vun 9 bis 18 Auer. Den Entrée kascht 3 Euro 50 an ass fir Kanner gratis.