Neie RekordSängerin Raye wënnt a sechs Kategorië bei de Brit Awards

RTL Lëtzebuerg
Mat am Ganze sechs Präisser huet d'Sängerin Raye en neie Rekord bei de Bit Awards opgestallt.
D'brittesch Sängerin Raye an hir Groussmamm.
D’brittesch Sängerin Raye an hir Groussmamm.
© AFP

Bei der Zeremonie e Samschdeg den Owend krut si ënner anerem eng Auszeechnung fir de Beschten Album (My 21st Century Blues), fir dat Bescht Lidd (Escapism), als Bescht Kënschtlerin, als Bescht Nei Kënschtlerin an als Bescht R’n’B-Kënschtlerin.

Am Virfeld vun de 44. Brit Awards war si och schonn als Songwriterin vum Joer geéiert ginn an dat als éischt Fra an der Geschicht vum Musekspräis.

D’Raye ass mat siwen Nominatiounen an d’Course gaangen. Eleng dat war scho méi wéi all aner Solokënschtlerin virun hir. Mat sechs tatsächleche Präisser huet si Museker wéi Blur, Hary Styles an och d’Adele, déi de Rekord bis ewell haten, hannert sech gelooss. Si haten et op véier Auszeechnungen an engem Joer gepackt.

Kee Präis goufe et fir déi eenzeg däitsch Nominatioun, Oliver Tree zesumme mam Dj Robin Schulz an hire Song “Miss You”. De Präis fir déi Bescht International Band hunn d’US-amerikanesch Indie-Band Boygenius gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO