Eng vun hinnen ass d’Sitta. D‘Sängerin, déi persesch Traditioun mat modernem Soul vermëscht, huet dës Woch zu Diddeleng hir nei Produktioun virgestallt.
Als Duechter vun enger iranescher Operesängerin an engem däitschen Theaterschauspiller war dem Sitta d’Bühn quasi an d’Wéi geluecht. An der Schwäiz gebuer, wunnt si mëttlerweil zu Lëtzebuerg. D‘Sich no der wierklecher Heemecht, ee Sujet vun der EP "Part of Me", déi si e Mëttwoch virgestallt huet, ass dann och en Thema dat si an der Jugend vill beschäftegt huet.
Traditionell persesch Rhythmen a Melodien ënnermolen hir verdreemte Soul-Balladen. Dee ganz eegene Styl, deen esou entstanen ass, huet och den amerikanesche Produzent a Grammy-Gewënner Joe Chiccarelli iwwerzeegt.
De Publikum zu Diddeleng huet sech och vun den orientalesche Kläng entféiere gelooss a war vum Sitta sengem Optrëtt begeeschtert.