
Bekannt war de Sam Lloyd fir seng Roll als “Ted Buckland” an der Serie “Scrubs”, wou hien iwwert d’Joren eng 100 Optrëtter hat.
Nieft der Schauspillerei huet de Sam Lloyd och gäre gesongen, wat hien an der Serie och déi eng oder aner Kéier ënner Beweis stelle konnt.
Vill vu senge Schauspillkolleegen aus der Serie hu schonn hiert Bäileed via d’sozial Medien ausgedréckt.