
An dat mat engem richteg flotte Programm um 6. Juli. Deen Dag gëtt am Kär vu Bartreng eng Bün fir en Open-Air mat engem exzeptionelle Line-Up vu nationalen an internationale Kënschtler opgestallt an de Bartrenger Zentrum verwandelt sech an e Museksfestival.
De Line-up ass zanter lo gewosst. Fir gutt Stëmmung suergen deemno:
Schëppe Siwen
Anaïs
Alice Merton
Querbeat
LEA
Busser fuere jo gratis vun iwwerall am Land, ma et gëtt nach e gratis Bus-Shuttle, deen tëscht dem P&R Bouillon via Helfent an dem Festival zirkuléiert.
