Dass den amerikanesche Generol George S. Patton de Grand-Duché befreit huet, weess een, wann ee sech fir eis Krichs-Geschicht intresséiert. D'Géigend ronderëm Ettelbréck spillt am zweete Weltkrich esou eng wichteg strategesch Roll, dass den Auteur Mil Goerens op 1.000 Säite méi awer och manner Bekanntes gesammelt huet. Och aus dem Krich 1914-1918
Schieren huet – nieft Ettelbréck – bei der Befreiung vu Lëtzebuerg eng wichteg, strategesch Roll gespillt, ouni direkt un der Front ze sinn, erkläert de Mil Goerens a weist eis d'Bréck, déi an der Zäit dem Adel vum Biertreng gehéiert huet, a mat hirer Bichen-Allee aus dem Duerf iwwer d'Uelzecht bei d'Schlass gefouert huet. Eng vu véier Brécken, déi déi Däitsch am September 1944, gesprengt hunn, fir d'Amerikaner ze stoppen.

D'Buch ass nach am Drock a gëtt de 25. September presentéiert. Den Auteur Mil Goerens huet villes zesummegesicht, weess och dass déi Däitsch just zwee Deeg hei am Biertrenger Schlass hier Kommandozentral ageriicht haten, an du weider Richtung Frankräich gezu sinn. Dat war am zweete Weltkrich.
Mee och den Éischte Weltkrich huet d'Amerikaner op Lëtzebuerg bruecht. Véier Méint waren Zaldoten zu Schieren bei Privatleit stationéiert a well se näischt ze dinn haten, hu se sech mat Sport oder Kaart spillen an engem Casino, d'Zäit verdriwwen. Eng Partie Meedercher vu Schieren hunn deemools Amerikaner bestuet a si mat hinnen an d'USA geplënnert.
Et gëtt ee gewuer, dass den amerikanesche Generol Pershing op der Blochhausen-Wiss, nieft dem spéideren Patton-Denkmal, am Mäerz 1919 engen 30.000 Mann Äddi a Merci gesot huet, fir hiren Asaz géint déi Däitsch, an dass de Patton schonn am Éischte Weltkrich als normalen Zaldot hei am Land war.
An da liest een, dass d'Zaldoten zu Schiere beim Kierfech, eppes trëlle gelooss hunn. Munitioun aus dem Ésichte Weltkrich, zoufälleg fonnt, wärend de "Sondagen", déi op engem archeologesch wäertvolle Site musse gemaach ginn, iert d'Bauaarbechten ufänken.
D'Buch ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Mil Goerens, selwer vu Schieren an der Gemeng, ënnert dem deemolege Buergermeeschter Eric Thill. "Schieren - En Duerf erlieft 2 Weltkricher" – e wäertvollen Zäitzeien, deen och déi jonk Generatioun sollt intresséieren.