No enger zwee Joer laanger Corona-Paus, wou e physescht Treffen net méiglech war, dierfen d’Fans sech nees perséinlech iwwert hiren Hobby austauschen.
Op d’Visiteure waarden ënnert anerem eng ganz Rei Aktivitéiten, Verkafsstänn, Cosplayer a Gäscht aus der Literaturwelt.
Den Detail gëtt et am Video-Interview mam Organisateur Gérard Kraus.
D’Expo ass am Kader vun Esch2022 entstanen.