Lëtzebuerger Musical"SL'ESCH" ass eng Produktioun vum Escher Conservatoire

RTL Lëtzebuerg
Frënn vum Musical zitt et dacks a Groussstied wéi Hamburg oder London, ma am Escher Theater kann een dëse Weekend e Lëtzebuerger Musical gesinn.
"SL'ESCH" ass eng Produktioun vum Escher Conservatoire
Frënn vum Musical zitt et dacks a Groussstied wéi Hamburg oder London, ma am Escher Theater kann een dëse Weekend e Lëtzebuerger Musical gesinn.

“SL’ESCH” ass keng Kopie, dofir awer eng Reprise. D‘Stéck ass am Kader vun Esch 2022 entstanen a gouf fir d‘éischte Kéier am November 2022 um Belval an der Maison des arts et des étudiants gewisen. Verschidden Departementer vum Escher Conservatoire hu sech fir dës Musical-Produktioun zesummefonnt.

De Jean-Paul Maes, deen d‘Stéck geschriwwen huet an et och inzenéiert, erzielt an „SL‘ESCH“ zwou Geschichte gläichzäiteg: Déi vun enger jonker Koppel – hatt vun Esch, hie mat italieeneschen Originnen- an déi vun der Stad Esch an deem Haus, an deem elo de Conservatoire dran ass, dat fréier awer, ënner anerem, e Casino war.

Op der Bün sti professionell Acteuren, ënnert hinnen och fréier Schüler aus dem Conservatoire. “SL’ESCH” leeft den 28. an 29. September am Escher Theater.

Back to Top
CIM LOGO