Summer-AgendaSlow Trip duerch dat klengst Duerf am Land

RTL Lëtzebuerg
War Dir scho mol eng Kéier zu Randschelt? Falls net, da sollt Dir Iech de Slow Trip duerch dat klengst Duerf am Land net entgoe loossen.

Summer-Agenda: Slow Trip duerch dat klengst Duerf am Land

Um Programm steet d’Visitt vum Dierfchen an dat mat alle Sënner, Nadine Schanck vum regionalen Tourismusverband Guttland:

“Ech mengen déi eng oder aner kenne Randschelt. Déi, déi et net kennen, déi kënne sech dat esou virstellen, dass et en Duerf ass mat enger klenger Kapell, engem Weier mat enger super Ambiance, wou ee gutt entspane kann, et gëtt de ländleche Musée an dat sinn dann och scho bal all Gebaier oder Plazen, déi een am Duerf kennt.”

Ugebuede gëtt dësen Tuer jeeweils Samschdes den 29. Juli an de 26. August an dat Moies vun 10 bis 12 Auer.

“Zesumme mam lokale Guide mécht ee sech op en interaktiven Tuer an do erwaart een am Fong eng Zäitrees. Bei där Zäitrees trëfft Kultur op Natur an et gi lokal Anekdoten an enger besonnescher Atmosphär erzielt.”

Matgoe ka jiddereen, deen nach nach gutt ze Fouss ënnerwee ass, och wann den Tuer u sech net ustrengend ass. Umelle kënnt Dir Iech fir dës Visitt op um Site vu Visitt Guttland.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion

Den Tipp vun en Dënschdeg: De White Dinner um Përmesknupp

Den Tipp vun e Mëttwoch:

D’Stengeforter Steekaulen an hir Mouken

Den Tipp vun en Donneschdeg: DOTS-Atelier ronderëm de Schifer zu Uewermaartel

Den Tipp vun e Freideg:Night Light Experience am Parc Housen

Back to Top
CIM LOGO