Fir ronn 930.000 EuroSotheby's huet e Sécherheetsgilet vum Banksy versteet

RTL Lëtzebuerg
E Gilet mat engem brittesche Fändel drop vum Street-Art-Kënschtler Banksy ass e Mëttwoch zu London ënnert den Hummer komm.
© AFP

Fir 787.000 Pond - ëmgerechent ronn 930.000 Euro - sinn dofir gebuede ginn, wéi d’Auktiounshaus Sotheby’s bekannt ginn huet. De Gilet gehéiert zu enger Serie vu fënnef stéchséchere Gileten, déi de Banksy aus Deeler vun alem Police-Equipement gemaach huet, fir op d’Messergewalt a Groussbritannien opmierksam ze maachen.

Dem Banksy géif et op eenzegaarteg Manéier geléngen, e komplexe gesellschaftleche Problem an engem Objet duerzestellen, sou d’Auktionärin vu Sotheby’s Emma Baker. De Wäert vun dësem Gilet war am Virfeld op 300.000 Pond geschat ginn.

Back to Top
CIM LOGO