RTL-Fotograf war um DréiSpider-Man: Brand New Day – Glasgow déngt als New York-Ersatz
Den Dréi fir den nächste Marvel-Film an de Stroosse vu Glasgow a Schottland gouf bis de 26. August verlängert.
Spider-Man zu Glasgow (14.8.25)
Sollt een dëser Deeg zu Glasgow op engem Citytrip sinn, dann huet ee Chance bei den Dréiaarbechte vun engem vun de meescht erwaarte Blockbuster vum nächste Joer eranzeluussen.
Fir den neie Spider-Man Film, deen ënner dem Aarbechtstitel "Spider-Man: Brand New Day" leeft, goufe verschidde Stroossen vun der Stad Glasgow an New York City verwandelt. D'Filmcrew huet d'Stadarchitektur benotzt, fir eng passend Kuliss fir dem Spider-Man seng Aventure ze schafen.
Am Stadzentrum goufen d'Stroosse wéi d'Bothwell Street, Glassford Street a St. Vincent Street gespaart. Do goufen eng Rei spektakulär Zeene gedréint, dorënner eng Verfollgungsjuegd mat NYPD- a Militärgefierer, mat Explosiounen an Autosstunts. Giel Taxis an amerikanesch Fändelen hunn d'Illusioun erstallt, datt een an den USA wier.
Och den Tom Holland, de Schauspiller vum Spider-Man, war perséinlech op der Plaz, fir seng Szenen ze dréinen. Fir besonnesch geféierlech Stunts, wéi zum Beispill un engem Seel vun engem Kran ze schwéngen, gouf awwer een Stunt-Double agesat.
D'Spekulatioune vun de Fans goufen duerch d'Biller vum Set ugeheizt. E gepanzert Gefier mat engem rouden Dämone-Logo gouf gesinn, wat drop hindeit, datt de Béise Mister Negative am Film kéint optrieden. D'Produktioun zu Glasgow weist eng Kéier méi, datt d'Stad eng populär Wiel fir Hollywood-Filmer ass, déi eng urban Kuliss brauche.
Glasgow ass e beléiften Dréiuert fir Hollywood-Filmer, well d'Stad dacks als Kuliss fir aner Groussstied déngt. Vill Stroossen an architektonesch Landmarke goufe fir grouss Produktioune benotzt.
Hei sinn e puer vun de bekanntste Filmer, déi zu Glasgow gedréint goufen:
The Batman (2022): D'Necropolis vu Glasgow gouf fir Zeenen als Kierfecht vu Gotham City benotzt.
Indiana Jones and the Dial of Destiny (2023): Deel vun enger grousser Parade gouf an de Stroosse vun der Stad gefilmt.
World War Z (2013): D'Stadzentrum vu Glasgow huet als Kuliss fir dat vu Zombie iwwerlafent Philadelphia gedéngt
Fast & Furious: Hobbs & Shaw (2019): Verfollgungsjuegden an Action-Zeenen goufen um George Square an an der Géigend gedréint.
Fast & Furious 6 (2013): Och fir dëse Film goufen Opnamen zu Glasgow gemaach.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Superheld Spider-Man wäert hei nach méi laang duerch d’Stroosse schwéngen wéi ursprénglech geplangt. Et sollt een eigentlech schonn de 15. August fäerdeg sinn.
Fans hunn den Tom Holland um Set gesinn, mat Explosiounen an Action-Zeenen op den ëmgebaute Stroosse vu Glasgow, déi sollen un New York gleewen doen.
Eise Fotograf Steve Müller konnt e puer Stonne Biller maachen vum Dréi vun nächste “Spidey”.
Spider-Man: Brand New Day – Glasgow déngt als New York-Ersatz
RTL-Fotograf op der Plaz.
De Film “Brand New Day” kënnt am Summer 2026 eraus. Et ass de véierte Film vum Holland als Peter Parker a seng tatsächlech Liewens-Verlobten Zendaya soll och erëm dobäi sinn als MJ.
De Film gehéiert zu der 6. Phas vum sougenannten MCU, der Serie vu Kinosfilmer mat Marvelhelden. Dës Phas war elo am Juli ugaange mat dem okayen “Fantastic Four”.
Nei am Cast sinn den Jon Bernthal als de Punisher an d’Sadie Sink (Stranger Things) an enger neier Roll.
De Filmtitel “Brand New Day” staamt aus enger ëmstriddener Comic-Serie vu Marvel.
Glasgow ass beléift fir Tournagë vu Blockbuster mat kostüméierten Helden. Aner Filmer wéi The Flash, The Batman, an och Batgirl (dee jo schlussendlech ni verëffentlecht gouf wéinst inkompetentem Management bei Warner Bros.) goufe schonn do gedréit.
Den Tom Holland war viru kuerzem och a Schottland fir dem Christopher Nolan säin nächste Film “The Odyssey”.