Disney+Star-Wars-Serie mat weiblechen Haaptpersonnage geplangt

RTL Lëtzebuerg
Wéi Medien aus Hollywood mellen, wier eng Live-Action-Serie, wou d'Fraen am Virdergrond stinn, geplangt.

D’Dréibuch an d’Regie soll vum Leslye Headland kommen, déi schonn d’Netflix-Drama “Matrjoschka” inzenéiert huet, kommen.

Nieft dëser Serie soll Disney och nach eng iwwert den Obi-Wan Kenobi erausbréngen, mam Ewan McGregor an der Haaptroll, esou wéi och d’Virgeschicht zu “Rogue One” soll an enger Serie verschafft ginn. Offiziell huet sech Disney dozou awer nach net geäussert.

Back to Top
CIM LOGO