Premiere vun neier Staffel"Stranger Things" léisst Netflix ofstierzen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz nodeems déi fënneft Staffel vun der Kultserie online gaange war, goung de Streamingdéngscht an d'Getten.
"Stranger Things" léisst Netflix ofstierzen
Fans a Responsabel hu sech op d’Premiere vun der neier Staffel gefreet.

D’Servere vun Netflix ware ronn dräi Minutten “down”. Ze vill Leit wollte sech dee selwechte Moment déi nei, fënnefte Staffel ukucken. Och duerno gouf et plazeweis nach Problemer, fir op de Streamingdéngscht zouzegräifen.

Et war net fir d’éischt, dass Netflix wéinst “Stranger Things” an d’Gette goung. Schonn 2022 war et zu Problemer komm, wéi déi lescht zwou Episode vun der véierter Saison online gaange waren. Och de Boxmatch tëscht dem Mike Tyson an dem Jake Paul hat fir änlech Problemer gesuergt.

Nei Rekorder

D’Fans vun der Kultserie konnten de Lancement vun der neier Staffel kaum erwaarden. Virum Start goufen déi al Episoden esou dacks gekuckt, dass alle véier Staffele gläichzäiteg an den Top Ten vun de meeschtgekuckte Serië stoungen. Dat gouf et nach ni. Experte ginn dovun aus, dass déi fënneft Staffel déi meeschtgekuckte vun der ganzer Serie wäert ginn.

Um Radio huet sech de Jean-Marc Turmes därmoossen op d’Premiere gefreet, dass hien an all Emissioun Detailer gezielt huet iwwer déi nei Staffel.

De Jean-Marc Turmes mat allen Detailer zur neier Staffel.

De Jean-Marc Turmes mat weideren Detailer

Eng Persoun aus der RTL-Ekipp kennt sech besonneg gutt aus.

De Jean-Marc Turmes huet sech d’Detailer vum Release ugekuckt.

De Jean-Marc Turmes huet déi nei Staffel presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO