All zwee Joer weist dëst Event déi kreativ Diversitéit vun eise Kënschtler an Handwierker. Dës Editioun konzentréiert sech op d’Natur. 67 lëtzebuergesch Kënschtler, jidderee mat senger eegener Sprooch, verschiddenen Techniken a Materialien, presentéieren hir Wierker. Eng Kënschtlerin ënnert hinnen ass d’Letizia Romanini.
Mir waren an hiren Atelier luussen a léieren en aalt lëtzebuergescht Handwierk kennen, an zwar d’Stréi-Marketerie.