
Mam Jovanotti, Clueso, Beirut, Zaz a Moby hat Den Atelier dëse Summer direkt 5 Mol an d'Abtei Neimënster invitéiert. Elo gëtt da schonn un der nächster Saison gedoktert an deen éischten Numm fir d'Open-Air-Shows vum Atelier huet et schonn a sech.
Nodeems de Robbie Williams déi 2 lescht Joer de Grand-Duché mat senger Musek verwinnt huet (souguer mat Lidder vun Take That) kommen de Rescht vun Take That am Kader vun der "Dreamers European Tour" de 7. Juli 2027 an d'Abtei Neimënster. Oder komm mir soe sou, dat, wat nach vun Take That iwwereg bliwwen ass, well aktuell steet déi brittesch Pop-Grupp nëmmen nach zu 3 op der Bün, de Gary Barlow, Howard Donald a Mark Owen. De Robbie Williams war deemools (1995) deen Éischte fort, ass awer nach heiansdo bei engem Take-That-Optrëtt dobäi an den Jason Orange ass zënter 2014 net méi dobäi.
Dat schéngt d'Fans awer net vill ze stéieren, well d'Concerte vun Take That nach ëmmer gutt besicht sinn, sou dann zimmlech sécher och d'nächst Joer de 7. Juli hei zu Lëtzebuerg. De Gary Barlow, den Howard Donald an de Mark Owen schaffen iwwregens un hirem 10. Album Dreamers mat Lidder wéi "You're a Superstar", "Sweet July" a "Feel my love" zesumme mam Michael Patrick Kelly (Release de 4. September 2026) ginn et och schonn 3 Singlen.
Wat ass elo wichteg fir Iech?
Take That kommen de 7. Juli 2027 an d'Abtei Neimënster an de Virverkaf fänkt de 4. September moies ëm 10:00 Auer un.
