
De “Berghain”, dee wéinst der Corona-Kris zanter Mäerz zou ass, wäert vu September un als Ausstellungshal funktionéieren. Vum 9. September u sollen op ronn 3.500 Quadratmeter zäitgenëssesch Konscht ausgestallt ginn.
Dorënner si prominent Nimm wéi den Olafur Eliasson, Tacita Dean oder de Wolfgang Tillmans. Am Fokus vun der Expo stinn Aarbechten, déi wärend der Corona-Pandemie entstane sinn. Dorënner Fotografien, Skulpturen, Sound- a Video-Installatiounen awer och Molerei.
D’Ausstellung soll soulaang sinn, bis de legendäre Club seng Dieren erëm dierf opmaachen.