Genee 39 Plaze ginn et am Theater-Container zu Mamer. Fir dass all d’Reglementatioune kënnen agehale ginn, huet d’Gemeng den Haff vum Mamer Jugendhaus ganz genee gemooss.
D’Still stinn deemno all 2 Meter auserneen, ma Leit, déi zesummegehéieren, dierfe sech natierlech och beienee sëtzen. Gutt besicht an deemno ëmmer ausgebucht waren d’Virstellungen, déi bis elo hei gelaf sinn. Vu Kanner-Opféierungen, bis Concerten an Theater. Fir jidderee soll eppes dobäi sinn, dat ass de But vum Theater-Container.
Bis de 27. August leeft elo nach déi nei Opféierung vum Stéck “In der Einsamkeit der Baumwollfelder”. Am Klassiker vum Bernard Marie Koltès geet et ëm zwee Männer, en Dealer a säi Client, déi sech op fräiem Feld treffen. Aus dëser einfacher Ausgankssituatioun entwéckelt sech e komplexen Drama, an deem all méiglech Emotiounen duerchgespillt ginn.
Als lescht steet nach eng One-Woman-Show vum Programm. Love, death and polar bears vum Catherine Elsen. Fir dës an och déi momentan Opféierung ginn et nach Ticketen. Leschten Dag vum Theater-Container zu Mamer ass den 30. August.