
E gudden Zäitpunkt, fir iwwer zukünfteg Projeten nozedenken. Den nächste Film vum Hollywood-Schauspiller soll nach méi spektakulär ginn, wéi seng viregt. Geplangt ass eng Zesummenaarbecht mat der Internationaler Raumstatioun ISS. Wéi Deadline.com schreift, wéilt den Tom Cruise och SpaceX vum Elon Musk mat dobäi hunn. Och wann dëse Projet wéi eng “Mission Impossible kléngt”, huet et näischt mat der Filmrei “Mission: Impossible” ze dinn, sou nach Deadline.com.
Mat dësem Tournage wéilt een eng nei Generatioun vun Ingenieuren a Wëssenschaftler inspiréieren, hir Dreem an Ziler ze verfollegen an déi “éiergäizeg Pläng” vun der Nasa ëmzesetzen.