Soll 2027 erauskommenTournage fir nei "Harry Potter"-Serie a Groussbritannien gestart

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien huet den Tournage fir eng nei "Harry Potter"-Serie ugefaangen, déi vun 2027 un an der Tëlee ze gesi soll sinn - ouni de Schauspiller Daniel Radcliffe.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Matt Winkelmeyer

Déi amerikanesch Mediefirma Warner Bros. Discovery huet e Méindeg eng Foto vum Schott Dominic McLaughlin verëffentlecht, deen den aus de Kinosfilmer bekannte Radcliffe fir d’Serie an der Roll vum berüümten Zauberschüler ofléist.

De McLaughlin ass dorop ongeféier esou als wéi de Radcliffe um Ufank vu senger Filmkarriär an huet deen nämmlechte ronne Brëll un. D’Serien-Adaptatioun vun de beléifte Bicher, déi och schonn als Kinosfilmer an Theaterstécker erfollegräich waren, gëtt an de Warner Bros. Studios zu Leavsden bei London gedréit, wéi de Studio matdeelt. D’Folge sollen op de Plattformen HBO an HBO Max ze gesi sinn. Ee geneeën Datum fir de Start gouf allerdéngs nach net genannt.

D’Serie, déi scho laang annoncéiert war, soll Warner Bros. Discovery no mat de Geschichten aus de siwe Bicher iwwer “zéng Joer” lafen. D’Schrëftstellerin vun de Bicher, d’J.K. Rowling, wäert als ausféierend Produzentin um Projet bedeelegt sinn. Regie féiert de Britt Mark Mylod.

Och déi aner Rolle goufen nei besat: d’Arabella Stanton verkierpert - amplaz vum Emma Watson - d’Hermione Granger. D’Roll vum Ron Weasley iwwerhëlt den Alastair Stout.

Dat éischt Buch aus der “Harry Potter"-Rei war de 26. Juni 1997 erauskomm. Bis haut hu sech déi insgesamt siwe Bicher méi wéi 450 Millioune Mol uechter d’Welt verkaaft a si goufen an 79 Sproochen iwwersat. D’Bicher goufen an aacht Deeler verfilmt, déi an de Kinoskeese weltwäit ronn 6,5 Milliarden Euro agespillt hunn.

Back to Top
CIM LOGO