De Victor Hugo ass e Joerhonnertmann, e Poet, Schrëftsteller, Dramaturg, Politiker an Zeechner.
Hie gëllt als ee vun de bedeitendste Vertrieder vun der Romantik a gouf mat Wierker wéi Les Misérables a Notre-Dame de Paris e wichtegen Deel vun der Weltliteratur.
Wéi hien 1871 zu Lëtzebuerg am Schengener Schlass zu Gaascht war, huet hien eng Fiederzeechnung mat Widmung hannerlooss.