"All by Myself" an "Hungry Eyes"US-Sänger Eric Carmen ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Héichpunkt vu senger Karriär hat den Eric Carmen an de 70er an den 80er Joren, wou hie mat Hits wéi "Hungry Eyes" aus dem Film "Dirty Dancing" bekannt gouf.
© www.ericcarmen.com

Den US-Amerikaner, deen 1949 zu Cleveland am US-Bundesstaat Ohio op d’Welt koum, ass elo am Alter vu 74 Joer gestuerwen, wéi seng Famill en Dënschdeg bekannt ginn huet.

Op dem Museker senger Websäit huet dem Eric Carmen seng drëtt Fra Amy “mat grousser Trauer” matgedeelt, datt hien iwwert de Weekend a sengem Schlof verscheet wier. Hirem “séissen an talentéierten” Eric hätt et vill Freed bruecht, ze wëssen, datt seng Musek iwwer d’Joren esou vill Leit beréiert hätt.

Zu enger geneeër Doudesursaach steet an der Matdeelung näischt. D’Famill huet iwwerdeems gefrot, hir Privatsphär an dëser Zäit ze respektéieren.

Ugefaangen huet dem Eric Carmen seng Karriär mat der Band “The Raspberries”, bei deenen hie vun 1970 bis 1975 de Frontmann war. Mat Lidder wéi “Go All the Way” huet hien deemools seng éischt Erfolleger gefeiert. Mat sengem Solo-Projet ass den Eric Carmen dunn nach emol méi bekannt ginn, zum Beispill mam Lidd “Hungry Eyes” aus dem Film “Dirty Dancing”.

Eent vu senge bekanntste Lidder, zu deem weltwäit scho vill Tréine vu Leit mat gebrachenem Häerz gefloss sinn, ass “All by Myself”.

Back to Top
CIM LOGO