De Festival, deen op e puer Plaze wéi am Centre Culturel Régional Dudelange Opderschmelz, an der Hall des Vestiaires & Waginnage an am Skatepark wäert sinn, bitt e breet gefächerte kënschtleresche Programm mat Musek, Theater, Danz a Konscht un.
Lokal an international Kënschtler a Museker kréien hei d’Méiglechkeet virun engem grousse Public opzetrieden. Ënnert anerem wäert déi weltwäit gefeiert amerikanesch Rockband Kings of Leon um Samschdeg als Headliner vum “Usina22"-Festival optrieden. Och mat dobäi sinn international Acts wéi Francis of Delirium, The Myterines a Fools Garden.
National si Museker a Gruppe vertruede wéi den Culture The Kid, d’Claire Parsons, den Dj Bobby Bieles mat senger Live Band an och d’École régionale de Musique de la Ville de Dudelange.
De ganze Line-Up vum Festival souwéi weider Informatiounen zum “Usina22"-Open-Air fannt Dir hei. E Freideg de Moien ëm 9.15 Auer ginn et ausserdem op RTL Radio Lëtzebuerg weider Infoen zum neie Festival.